> Schnéi verursaacht europawäit Problemer
Thursday, 01 January 1970 02:00

Schnéi verursaacht europawäit Problemer

Zu Heathrow, eng vun deene gréissten internationale Fluchhäfen vun der Welt, waren um Méindegmueren just zwee Bunnen op. Um Sonndeg ware bal all Flich annuléiert ginn an elo setzt sech de Management mat weidere Verspéidungen an Annulatiounen auserneen.

Bei ville Fluchhäfen handelt et sech ëm déi schlëmmst Wiederkonditiounen säit 20 Joer. Honnerte vu Leit souzen iwwer dem Weekend fest. Et hu vill am Fluchhafen selwer iwwernuecht.

De Roissy Charles de Gaulle Fluchhafen an

dee vun Orly sollen insgesamt 30% vun de Flich annuléieren.

De Frankfurter Fluchhafen huet ee Véierel vun de Flich ofgesot wéinst dem schlechte Wieder a wéinst Problemer op anere Fluchhäfen. E Spriecher huet erklärt, datt 450 Persounen Dag a Nuecht schafen, fir de Schnéi an Äis wechzemaachen.

Europawäit ginn et Problemer op de Stroossen. D'Autoritéite roden jiddwerengem, den Auto doheem ze loossen.

Esouguer d'Lady Gaga kritt den Impakt vum Schnéichaos ze spieren. Seng Equipementscamionen ware fir iwwer 24 gestoppt ginn, well all Camionen um Weekend verbuede kruten, zu Paräis an der Stad ze fueren. Dëst huet zu der Verzögerung vu sengem Concert zu Paräis, deen um Sonndeg stattfanne sollt, geféiert.

Zu Lëtzebuerg huet de Schnéi natierlech zu grousse Stauen, Verspéidungen, Annulatiounen an Accidenter geféiert. Fir Updates zum Schnéiverkéier, hei klicken.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top