> Méi Akommes fir d'Baueren
Thursday, 01 January 1970 02:00

Méi Akommes fir d'Baueren

De Lëtzebuerger Landwirtschaftsministere huet um Méindegnomëtten matgedeelt, datt den Akommes an der Landwirtschaft pro Aarbechter ëm 15,9% eropgaangen ass. Domadder leie se däitlech iwwert der europäescher Moyenne, déi 12,3 Prozent ass.

2009 war fir d'Baueren bekanntlech e schlecht Joer, dee vun immens niddrege Mëllechpräisser a massive Protester an der Landwirtschaft markéiert war. Do kënnt notamment de Protest, wou d'Baueren Mëllech a Gullien oder op

Felder ausgeschott hunn, zur Erënnerung (Foto).

Am Joer 2010 hu sech d'Mëllechpräisser erholl. Beim Getreide sinn d'Präisser och eropgaangen. Allerdéngs ass et eng niddreg Rekolt ginn. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top