> Héichschwanger Fra spréngt während der Autosfahrt eraus
Thursday, 01 January 1970 02:00

Héichschwanger Fra spréngt während der Autosfahrt eraus

Zu Heiderscheid op der Héicht vun der Fuussekaul huet sech eng Koppel am Auto verbal zerstridden. Ouni Virwarnung ass d'Bäifuererin, déi héichschwanger ass, aus dem fuerenden Auto erausgesprongen.

D'Fra gouf mat Blessuren an d'Spidol bruecht. Ob dat ongebuerent Kand beim Virfall blesséiert gouf, ass nach onkloer.

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top