> Hasta la Vista 'Governator' Arnold Schwarzenegger
Tuesday, 01 March 2011 00:00

Hasta la Vista 'Governator' Arnold Schwarzenegger

De Schwarzenegger huet als Gouverneur vu Kalifornien vill Leit als ëmweltfrëndleche liberale Republikaner imponéiert an hat 2006 d'Wahlen erëm gewonnen. Elo setzt sech de kalifornesche Staat awer mat serieuxen economesche Problemer a mat enger ongewësser finanzieller Zukunft auserneen. Am Joer 2010 huet eng Budgetskrise Kalifornien un de Rand vun der Faillite gedriwwen. Dem Schwarzenegger seng Popularéit war enorm gefall.

Zu der Zeitung Los Angeles Times sot de Schwarzenegger: 'Dat wichtegst a menger Aarbecht, déi ech während deene

leschte 7 Joren hat, ass datt ee Leidenschaft muss hunn... Et däerf ee keng Angscht hunn. Et muss ee schnell erkennen, datt e politesche Risiko net e politesche Selbstmord bedeit'.

D'Observateurë spekuléieren iwwer dem Schwarzenegger säin nächste Schrëtt. Et ginn der vill déi sech froen, ob den 63-Järegen an d'Filmindustrie zereckkéiere wäert. 'Wäert ech d'Gedold hunn um Set vun engem Film während dräi oder sechs Méint ze sëtzen? Ech weess et net', huet hien am Oktober op Twitter geschriwwen.

De Schwarzenegger huet seng Heemecht an engem klengen Duerf zu Graz an Éisträich am Joer 1968 verlooss nodeems hien eng Rei Bodybuilder Concourse gewonnen hat. Am Alter vun 21 Joer ass hien an Amerika gereest fir senger Leidenschaft ze follegen.

Spéider ass hie weltwäit als Star vum Hollywood Film 'Terminator' bekannt ginn. Mat de Sloganen 'I'll be back' an 'Hasta la Vista, Baby', déi hien als Gouverneur iwwregens och oft benotzt huet, ass hien zum Ikon an der Filmindustrie ginn.

Wéi et schéngt brauch hien och keng Suen. Als Gouverneur vu Kalifornien huet hien nämlech seng Pai refuséiert. Den Angaben no huet hie virdrun 30 Milliounen Dollar pro Film verdéngt an ass dobäi nach en erfollegräiche Geschäftsmann.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top