Authors: news352
>
Wéi d'Police matdeelt gouf eng 26-järeg Fra um Méindegowend géint 20.30 Auer vun engem Auto ugestouss. D'Autosfuererin huet d'Fra, déi sech op der Strooss befonnt huet, frontal ugefuer. Si gouf op d'Géigespuer geschleidert an ass do leiebliwwen.
Beim Zesummestous ass d'Foussgängerin liewensgeféierlech verletzt ginn. Si gouf an d'Spidol bruecht.