Viru genau 202 Joer ass de Franzous Louis Braille op d'Welt komm. Am Alter vu 4 Joer huet hien d'Siicht verluer an als 16-Järegen huet hien d'Schrëft, deen aus Pinktelcher besteet, erfonnt. Di einfach mä revolutionär Entdeckung representéiert de ganzen Alphabet mat jeeweils 6 Punkten.
D'Schrëft gëtt et bis haut ouni grouss Verännerungen. Dobäi gëtt et och Braille Musektexter, Mathematik- an Chimiezeechen. Mat Braille-Buschtawen ginn och
Bicher gedréckt, déi natierlech vill méi grouss sinn a 4-5 mol méi wéi normaler weien.
De Louis Braille huet iwwregens den Erfolleg vu senger Erfindung net méi erlieft. Hien ass um 6. Januar 1879 un Tuberkulos gestuerwen.
News352.lu huet sech mam Sascha Lang getraff. Hien huet selwer als Kand seng Siicht verluer an erzielt eis, wéi hie säi Liewen wéinst der Blanneschrëft meeschtert. De Sascha Lang ass als Radiosmoderator vu sengem Sender SLANG Radio an als Concertorganisateur bekannt.
Kuckt den News352.lu Video-Reportage
Envoyer cet article par emailAuthors: news352