Den Alvarez huet seng Ausso um zweeten Dag vun der Audienz virum Geriicht gemaach. Um Dënschdeg hate schon aner Mataarbechter vum Jackson den Dokter schwéier belaascht. De Riichter Michael Pastor muss mat 35 Zeien entscheeden, op genügend Beweiser virleien, fir géint de Murray den Prozess ze maachen. De Parquet beschëllegt den Dokter, keng ugemooss medizinesch Ausrüstung benotzt an net rechtzäiteg den Noutdokter verstännegt ze hunn.
De 57-järege Murray soll de Jackson an de Woche viru sengem Doud um 25. Juni 2009 all Owend den staarke Berouegungsmëttel Propofol gesprëtzt hunn fir datt hie während der Preparatiounsphase fir säi geplangte Comeback-Concert zu London gutt schlofe kéint. D'Autopsie huet spéider erginn, datt de 50-Järegen un enger Iwwerdosis vum Mëttel gestuerwen ass. De Murray gëtt zwar zou, dem Jackson Propofol ginn ze hunn, mä weist all Schold um Doud vum Popstar vu sech. Bei engem Scholdsproch droen him bis zu 4 Joer Haft.
Envoyer cet article par emailAuthors: news352