> Prënz Ali vu Jordan ass neie FIFA Vizepresident
Wednesday, 01 June 2011 00:00

Prënz Ali vu Jordan ass neie FIFA Vizepresident

De Prënz Ali vu Jordan ass um Donneschdeg zum neie FIFA Vizepresident ernannt ginn.

An engem Vote vun de 45 Membere vun der asiatescher Foussball-Confederatioun um Kongress zu Doha huet de Prënz mat 25 zu 20 gewonnen. Hien huet sech haaptsächlech géint de Südkoreaner Chung Mong-Joon, den dominanten Aktionär beim Industriegigant Hyundai Heavy Industries, ee grousse FIFA Sponsor, duerchgesat.

De Chung hat den Titel säit 1994 an et

gouf erwaart, datt hien d'Roll behale géif. Hien ass bekannt als Opponent vum FIFA President Sepp Blatter, deen am Vote dobäi war.

De 35-järege Prënz Ali, deen och President vun der jordanescher Foussballfederatioun ass, gëtt dobäi de jéngste Member vum FIFA Exekutivcomité.

Foto © AFP - De Blatter gratuléiert dem Prënz Ali

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top