> D'Bridder Schleck fuere fir Team 'Leopard-Trek'
Wednesday, 01 June 2011 00:00

D'Bridder Schleck fuere fir Team 'Leopard-Trek'

D'Equipe, an där d'Bridder Schleck fuere wäerten, heescht Leopard-Trek mam Motto 'True Racing'. Dëst ass um Donneschdeg op enger Pressekonferenz an der Präsenz vun de 25 Equipe-Memberen annoncéiert ginn.

De Numm kéint sech awer änneren wann en aneren Haaptsponsor dobäi kënnt. Den Numm spigelt jo d'Besëtzer Leopard S.A. an de Sponsoring vun der Entreprise 'Trek' erëm, deen d'Vëloen zur Verfügung stellt. Aner Sponsoren si

Mercedes, Craft, Enovos, Luxlait, Oakley, Schwalbe, an nach anerer.

''Mir wëllen de Cyclissem zu sengen Urspréng zeréckbrengen. An deene leschte Joer gouf et ze vill Nieweschauplätze. Mir wëllen 'Fit, health, clean athletes who are racing hard'' sou den Teamchef Kim Andersen. De Manager Brian Nygaard huet betount, datt Dopping net a Fro kéim an datt d'Equipe propper bleiwe wäert.

Zum Budget vun der Equipe huet de Brian Nygaard nëmme gesot, datt de genaue Betrag net ëffentlech ass. ''D'Equipe vu Leopard SA finanzéiert. Jiddweree gesäit wéi eng Fuerer mir hunn. An déi kaschten net Näischt''.

D'Equipe wier op 4 Joer ofgeséchert, huet den Andy Schleck zougefügt. Den Andy an de Frank hunn och gesot, datt si allen zwee bis zum Enn vun hirer Karriär beim Team Leopard-Trek fueren.

An der nächster Woch geet et fir d'Equipe op Mallorca an d'Trainingslager. Um Donneschdegowend gëtt d'Equipe an der Coque offiziell presentéiert. Et ginn eng 4.000 Cyclissem-Fans erwaart.

D'Memberen vun der internationaler Equipe:

Fränk an Andy Schleck (Lëtzebuerg)

Stuart O'Grady (Australien)

Will Clarke (Australien)

Stefan Denifl (Éisträich)

Maxime Monfort (Belsch)

Wouter Weylandt (Belsch)

Bruno Pires (Portugal)

Brice Feillu (Frankräich)

Dominic Klemme (Däitschland)

Jens Voigt (Däitschland)

Fabian Wegmann (Däitschland)

Robert Wagner (Däitschland)

Linus Gerdemann (Däitschland)

Tom Stamsnijder (Holland)

Joost Posthuma (Holland)

Oliver Zaugg (Schwäiz)

Fabian Cancellara (Schwäiz)

Anders Lund (Dänemark)

Jakob Fuglsang (Dänemark)

Martin Mortensen (Dänemark)

Martin Pedersen (Dänemark)

Daniele Bennati (Italien)

Davide Viganò (Italien)

Giacomo Nizzolo (Italien)

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top