> Den neie Gehaltsrechner ass online!
Thursday, 01 July 2010 00:00

Den neie Gehaltsrechner ass online!

Klickt hei fir de Gehaltsrechner op Franséisch an hei fir en op Däitsch ze kucken

De Gehaltsrechner ass eng vun deene beléifste Features op eise Partnersiten www.diegrenzgaenger.lu a www.lesfrontaliers.lu ! Wat bleift mir, je

no Steierklass an Ofzuch, iwwreg vum Bruttoakommes? Nieft de Grenzgänger interesséiere sech och vill Employéeën zu Lëtzebuerg natierlech och dofir.

De Spëtzesteiersaz ass vun 38% op 39% geklommen. Wien an der Steierklass 1 ass an iwwer 41.793 Euro am Joer verdéngt, gëtt an dësem Saz besteiert. Bestued Employéeën ginn ab 2011 mat engem Akommes vu mindestens 83.586 Euro mam Spëtzesteiersaz besteiert.

Lëtzebuerg féiert – fir 2011 an 2012 – eng Krisesteier an. 0,8% muss all Persoun, déi zu Lëtzebuerg eng Pai kritt, vu sengem Akommes dofir ofginn.

Dobäi kënnt datt d'Solidaritéitssteier fir Privathaushälter vun 2,5% op 4% an d'Luucht geet wann d'Joresakommes bei 150.000 (Steierklass 1) oder 300.000 Euro (Steierklass 2) ass. Läit den Akommes doriwwer, si 6% Solidaritéitssteier fälleg.

D'Bäitreeg fir d'Gesondheetskeess ginn ëm 0,2% erop. D'Erhéijung geet fir Entreprisen a Versécherter gläich erop (0,1%).

Mir hunn de Gehaltsrechner un di nei Zuelen ugepasst. Interessant ass dobäi de 'vorher – nachher' Vergläich, deen e genauen Opschloss doriwwer gëtt, ëm wéi vill sech de monatlechen Nettoloun ännert.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top