> Police: Verfolgungsjuegd zu Sandweiler
Thursday, 11 February 2010 00:00

Police: Verfolgungsjuegd zu Sandweiler

Zu Sandweiler beim Militäerkierfecht gouf eng Patrouille vun der SRPR Lëtzebuerg géint 00.20 Auer vun engem Auto mat héchster Vitesse iwwerholl, obwuel et do verbuede war. D'Police huet en direkt verfollegt a konnt e stoppen.

Et sinn zwee Passagéier erausgeklommen mee de Chauffeur ass am Auto sëtzebliwwen. Hien huet d'Flucht ergraff an huet dobäi versicht, ee Polizist z'iwwerrennen.

Dorophin huet d'Police op den Auto geschoss.

Et ass eng intensiv Recherche nom Täter ageféiert ginn.

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top