> Groussbritannien a Frankräich schléisse militärischen Accord
Thursday, 11 February 2010 00:00

Groussbritannien a Frankräich schléisse militärischen Accord

De Premier David Cameron a  Präsident Nicolas Sarkozy treffe sech haut ze London, fir den Accord z'ënnerschreiwen.

Virgesinn ass de gedeelte Gebrauch vu Fliigerdréier, Zesummenaarbecht bei Atomwaffentester an d'Kréatioun vun enger gemeinsamer Arméi vu bal 5.000 Mann fir auslännesch Missiounen. 

Dem Cameron no soll dëst militäeresch Partnerschaft mat Frankräich net zu enger Angscht iwwer europäesch Arméië féieren. D'Zil wäer eng Ausbreedung vun der Zesummenaarbecht

tëscht zwee Länner mat ähnlechen Ziller an d'Réductioun vu Militärkäschten.

D'Onofhängegkeet vu béide Länner an Arméie soll also net a Fro kommen.

Frankräich a Groussbritannien repräsentéieren zesummen 45 Prozent vum europäesche Militäerbudget, 55 Prozent vun den aktive Truppen, a 70 Prozent vun der militäerescher an technologescher Recherche. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top