> Pakbomm fir Lëtzebuerg geduecht
Thursday, 11 March 2010 00:00

Pakbomm fir Lëtzebuerg geduecht

Eng vun de Päck war un den europäesche Gerichtshaff zu Lëtzebuerg adresséiert. Deen aanere war fir d'Europaparlament zu Den Haag geduecht.

D'Päck sinn duerch kontrolléiert Explosiounen entschäerft ginn.

Méindes an Dënschdes sinn eng Reih Pakbommen u verschidden auslännesch Botschaften zu Athen an am Ausland geschéckt ginn. Dorënner sinn d'Schwäizer Ambassade zu Athen, wou eng Pakbomm explodéiert war, nodeem de verdächtege Pak vun Employéeën aus der Fënster

erausgeheit gouf. D'Chancellerie vum Angela Merkel krut och e Pak geschéckt. Do huet e misste mat enger Waasserkanoun onschiedlech gemaach ginn.

Verdächtegt gëtt eng griechesch Terroristegrupp “Conspiracy of Fire Nuclei” (waat esouvill wéi “Konspiratioun vum Feierzell” heescht. Si huet sait 2008 regelméisseg Uschléi op offiziell Institutiounen an auslännesch Firmen haaptsächlech a Griechenland ausgeféiert. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top