> Griichenland: Luftfracht 48 Stonne gestoppt
Thursday, 11 March 2010 00:00

Griichenland: Luftfracht 48 Stonne gestoppt

D'griechesch Police huet elo Wëlles, all Päck ze kontrolléieren, déi am Fluchhafen zu Athen waren. Ëm dëst z'erméiglechen ass all international Luftfracht aus Griichenland fir 48 Stonne gestoppt ginn.

De griichesche Premier Gioros Papandreou huet d'Attentater an enger Ried veruerteelt. D'griichesch Sécherheetsbehörden géifen intensiv dru schaffen d'Täter ze fänken. 

Zu Athen ware Méindes an Dënschdes insgesamt 11 Pakbommen entdeckt ginn, déi un auslännesch

Botschaften adresséiert waren. D'Päck waren ënner anerem fir de franséische Staatschef Nicolas Sarkozy, den europäesche Geriichtshaff zu Lëtzebuerg, d'Bundeskanzlerin Angela Merkel, an  d'europäesch Sécuritéitsorganisatioun Europol geduecht. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top