> Mandrake d'Or geet un den David Goldrake
Sunday, 11 April 2010 00:00

Mandrake d'Or geet un den David Goldrake

Weltbekannt Kënschtler, wéi den David Copperfield a Siegfried & Roy, si scho mat der „Mandrake d'Or“ geéiert ginn. De Präis gëtt säit 1990 all Joer zu Paräis un di bescht international Profi-Magier verléint.

D'„Académie française des illusionnistes“ ass immens selektiv an invitéiert nëmmen di beschte Kënschtler op den internationale Festival vun der Illusioun an Zauberkonscht.

Dëst Joer ware sech d'Jugen eeneg: De renomméierte Präis soll un

den David Goldrake aus Lëtzebuerg goen.

De Goldrake huet sech immens iwwer de Präis gefreet an huet senge Frënn a Fans fir hir Ënnerstëtzung bedankt.

Fans vum Magier mussen sech awer nach gedëllegen. Hien trëtt fir d'nächst vun Abrëll 2011 un erëm zu Lëtzebuerg op. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top