Sunday 29 September 2024
Font Size
   
Sunday, 11 April 2010 00:00

Mysteriéisen Doud vu Surferlegend Andy Irons

Wéi dem Irons säi Papp matgedeelt huet, ass hien en Dënschdeg a sengem Hotelszëmmer zu Dallas fonnt ginn. De Surfchampion war um Wee fir op seng Heemecht Kauai, Hawaii no enger Kompetitioun a Puerto Rico. Viru sengem Weiderfluch hat hie sech an engem Hotelszëmmer zu Dallas agecheckt, well hie sech onwuel gefillt huet.

Den Angaben no sinn am Zëmmer verschidde Medikamenter géint Péng a Schlaflosegkeet fonnt ginn. Den Irons hat am Passé vun „ënnerlechen Dämonen“ geschwat.

Di genau

Doudesursaach soll an enger Obduktioun ermëttelt ginn.

De WM Surf Champion vun 2002, 2003 an 2004 soll un Dengue Féiwer gelidden hunn, wat sech duerch Moustiquen iwwerdréit an déidlech kéint sinn. Um Sonndeg huet hien, ouni e Grond ze ginn, Puerto Rico verlooss.

Doropshin haten d'Organisateuren matgedeelt, den Irons hätt d'Krankheet a Portugal kritt. Seng Fra Lyndie, déi den Irons virun 3 Joer bestuet huet, erwaart am Dezember hiert éischt Kand. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn