D'Zeitung Marianne huet e Samschdeg bericht, datt d'BNP Paribas Privatbank vu Genève aus de Cliente Produkter unhand vun enger SICAV, de sougenannte 'Luxumbrella' (oder de 'Lëtzebuerger Prabbeli') verkeeft.
Am Joer 2004, no der Adoptioun vun der europäescher Direktiv iwwer Spuermoossnamen, gouf ee System fir den automateschen Echange vun finanziellen Informatiounen tëscht EU-Länner ageféiert.
Allerdéngs hu verschidde Länner, dorënner d'Belge, Éisträich, d'Schwäiz (deen net an der EU ass), a
Lëtzebuerg, de System refuséiert. Si hunn am Plaz acceptéiert, d'Revenue bei der Source ze taxéieren.
Dëst Retenue bei der Source gëllt awer net fir verschidde Produkter, dorënner och d'SICAV.
D'Direktioun vun der franséischer Bank gouf vun der Zeitung Marianne interviewt. Si presentéiert d'SICAV als einfachen Enveloppe juridique, en internen a kollektive Fonds de Placement.
Wéi et schéngt, sinn tëscht 2.8 an 3.54 Milliarden Euroen esou investéiert ginn.
Envoyer cet article par emailAuthors: news352