> Diabetis klëmmt zu Lëtzebuerg
Saturday, 11 September 2010 00:00

Diabetis klëmmt zu Lëtzebuerg

D'Zuelen si vum Gesondheetsminister Mars Di Bartolomeo virum Welt Diabetis Dag um 14. November annoncéiert ginn.

Zu Lëtzebuerg kréie pro Joer insgesamt 18.000 Persounen Medikamenter géint Diabetis Krankheeten.

An enger Campagne géint d'Krankheet, huet de Minister betount, datt eng präventiv Strategie di 'efficaceste Waff géint Diabetis' ass. Hien huet e gratis Diabetis Service vum 13. bis 14. November a Spideeler am ganze Land ageféiert.

D'Obesitéit, déi mat enger ongesonder

Ernährung an ze wéineg Bewegung zesummenhänkt, representéiert en héije Risk Faktor, deen een a vill Diabetiker erëmfënnt.

En Drëttel vun der Bevëlkerung leiden un Iwwergewiicht, dorënner 20 Prozent vun de Kanner. Typ 2 Diabetis gëtt ëmmer méi bei Kanner diagnostizéiert.

Den Di Bartolomeo huet d'Situatioun 'alarméierend' bezeechent. Hie wëll d'Bevëlkerung méi iwwer d'Detektioun an d'Präventioun vum Diabetis informéieren. 

E Spazéiergang vun 30 Minutten duerch de Péitrussdall ass fir de 14. November um 11 Auer Moies geplangt. D'Initiativ soll d'Bewegung an en aktive Liewensstil fuerderen. Prominent Gebaier gi mat mat bloe Luuchte beliicht, eng Referenz zum Logo vun der Campagne géint den Diabetis.

Fir méi Informatiounen, www.ald.lu Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top