> Hunn d'Bridder Schleck gelunn?
Saturday, 11 September 2010 00:00

Hunn d'Bridder Schleck gelunn?

Dem Team-Manager Bjarne Riis no hunn d'Bridder verschidde Versiounen erzielt, wou hie se iwwer d'Rumeure datt si d'Equipe verloosse géifen, gefrot huet. Si hätten allen zwee d'Rumeur ofgestridden.

'Ech fannen et enttäuschend. Ech hunn hinne net verbuede, mat Aneren ze schwätzen, mä et wier mir léiwer gewiescht wann se mir d'Wourecht gesot hätten. Ech kann confirméieren, datt si mech ugelunn hunn. Ech fannen dat schued', sot de Riis.

D'Neiegkeet ass an engem Interview mam däneschen Televisiounssender LPS

erauskomm.

D'Bridder Schleck hunn am Juni, beim Start vu der Tour de Suisse, e 4-järege Kontrakt mat der neier Lëtzebuerger Profi-Equipe ënnerschriwwen. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top