> 2 prominent Affekoten däerfe China net verloossen
Saturday, 11 September 2010 00:00

2 prominent Affekoten däerfe China net verloossen

D'AFP bericht, datt obwuel de Mo Shaoping, Affekot vum Liu Xiaobo, an den He Weifang bestätegt hunn, datt Norwegen net op hirem Itineraire war, si se vun de Sécherheetsbehörden am Fluchhafen zu Peking blockéiert ginn. 'Dat hei ass dat Blödst wat ech bis elo héieren hunn' sot de Mo Shaoping. Hie sot hien hätt emol kee Visa fir Norwegen.

Di chinesesch Regierung ass iwwerhaapt net domadder averstanen, datt de Schrëftsteller Liu Xiaobo den Nobelpräis kréie soll. Zënterhier versicht se d'chinesesch Staatsbierger ze

verhënneren, un der Präisverdeelung deelzehuelen oder den Evenement z'ënnerstëtzen. 

Et sëtzen eng ganz Rei aner Schrëftsteller, Akademiker an Affekoten am Prisong oder se stinn ënner Hausarrest, wéi d'Fra vum Dissident Liu Xiaobo an den Artist Ai Wei Wei.

Di chinesesch Regierung mécht wochelaang Drock op auslännesch Leader an huet se gewarnt, datt se vun der Nobel Peace Prize Zeremonie, déi nächste Mount stattfannen soll, ewech bleiwe sollen, oder mat 'Konsequenzen' rechnen. Sou den Cui Tiankai, Vize-Ausseminister vu China.

De Schrëftsteller Liu Xiaobo ass ee vun de bekannteste chineseschen Aktivisten dee sech fir politesch Reform a China agesat huet. Hie wäert insgesamt 11 Joer am Prisong verbréngen, als Bestrofung fir säi Wierk.

China ass an deene leschte Joren zu engem Gigant an der Welteconomie ginn an hofft, datt dësen neie Pouvoir aner Weltleader iwwerzeegt, d'Nobel-Präis Zeremonie zu Oslo um 10. Dezember ze boycottéieren.

China huet och um nationalen Niveau, duerch déi vum Staat kontrolléierte Medien, alles gemaach fir d'Reputatioun vum Nobelpräis ze beschiedegen. De Präis gëtt als Beleidegung zum chineseschen Droit an als Plang fir den Aufstieg vu China ze verhënneren, duergestallt. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top