> Mann aus Texas gouf wéinst engem Hoer, deen net säint war, higeriicht
Saturday, 11 December 2010 00:00

Mann aus Texas gouf wéinst engem Hoer, deen net säint war, higeriicht

Um Donneschdeg sinn d'Resultater vun engem DNA Test am Texas Observer Magazine verëffentlecht ginn an hu gewisen, datt d'Hoer net dem Mann gehéiert huet.

De Jones, dee schon eng laang kriminell Geschicht hat, hat insistéiert hien hätt am Auto gewaart, wou säin Accomplice d'Affer Allen Hilzendager während engem Iwwerfall vun engem Alkoholgeschäft ëmbruecht huet.

Am Joer 1989 gouf hien, haaptsächlech wéinst deem engen Hoer, fir de Mord veruerteelt.

Em déi Zäit war d'Kriminaltechnik

limitéiert. D'Hoer gouf ënnert engem Mikroskop examinéiert an huet esou geschéngt, wéi wann et dem Jones gehéiert huet.

Den DNA Test huet elo gewisen, datt d'Hoer wahrscheinlech vum Affer war.

D'Mikroskopenalyse vun Hoer gouf spéider abandonnéiert. D'Method ass als onkonklusiv bezeechent ginn a gouf vun der Entwécklung vun DNA Tester iwwerholl.

De Jones hat en DNA Test an eng Verzögerung vun der Hiriichtung ugefrot, bis den Test gemaach war. Leider gouf dëst Demande vum fréiere Gouverneur George W. Bush net approuvéiert. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top