Experten mengen, datt d'Gebai, wat 5 Stäck héich ass, duerch staark Moonsoon-Iwwerschwemmunge geschwächt gouf. De Yamuna Floss, deen niewendru läit, ass am September an Ufank Oktober iwwergelaf.
Di kléng a verstoppt enk Stroossen hunn d'Rettungsaktioun schwéier gemaach, well verschidden Ausrüstungen net op de Site konnte bruecht ginn. D'Aarbechter hu missen hydraulesch Buerer a Vorschlaghammer benotzen.
'Et sinn nach vill Affer ënner de Ruinen gefaangen. D'Erausfuerderung ass, se lieweg
z'evakuéieren' sot de Police-Spriecher Rajan Bhagat zu Agence France Presse.
Eng Enquête, déi vun enger indescher Organisatioun géint d'Korruptioun lancéiert gouf, huet zu der Konklusioun geféiert, datt en immens niddrege Standard a Qualitéit vun de Materialer um Kollaps Schold ass. D'Enquêteuren mengen och, datt d'Sécherheetszertifikater gefälscht waren.
Envoyer cet article par emailAuthors: news352