D'Mediziner sollen erëm normal Stonne schaffen, nodeems d'AMMD an d'Gesondheetsministeren endlech zu enger Eenegung komm sinn.
Déi zwee Partien hunn gëschter Owend während 6 Stonnen negociéiert bis si op eng géigesäiteg Léisung am Bezuch zu der Gesondheetsreform komm sinn.
De Projet gëtt elo theoretesch duerchgeholl fir di nei Etapp ze reflektéieren, mä et ass nach net bekannt, wéi den Impakt vun den Diskussioun ausgesäit.
D'Dokteren an Zänndokteren hunn um 22. Oktober ugefangen, géint de Projet ze streiken, well si der Meenung waren, datt d'Reform zu enger däitlecher Verschlechterung vum Zerwiss leede géif.
D'Cabineten wäerten also haut de ganzen Dag op bleiwen, am Plaz Mëttes zouzemaachen. De neie Gesondheetsprojet soll Ufank 2011 ageféiert ginn.
Envoyer cet article par emailAuthors: news352