Authors: news352
>
De Salarié zu Lëtzebuerg fiert am Duerchschnëtt mat enger Vitesse vun 48,1 Stonnekilometer fir op d'Aarbecht. Dëst geet aus enger aktueller Étude vun der SPED/Instead ervir. D'Institut huet eng Analyse zur Entwécklung vun der Vitesse publizéiert, zu där beruffsaktiv Mënschen zu Lëtzebuerg gefrot gi sinn.
D'Resultat ass erstaunlech, d'Duerchschnëttsvitesse vum Doheem bis op d'Aarbecht huet sech nämlech vun 30,7 Stonnekilometer am Joer 1960 op elo duerchschnëttlech 48,1 Stonnekilometer erhéicht.
Authors: news352