> Stad: Gläich 'Logementer ouni Auto'
Tuesday, 12 January 2010 00:00

Stad: Gläich 'Logementer ouni Auto'

Am Joer 2011 sollen 51 nei Logementer gebaut ginn, sou de Stadsbuergermeeschter Paul Helminger zu News352 gesot. Hie géif Wëlles hunn, 'Logementer ouni Auto' ze bauen.

Den Auto abandonnéieren fir den ëffentlechen Transport

En Appartement, mä keng Garage, kéng Parkingsvignette, an eng Strooss ouni Autoen... Dëst ass d'Visioun vum Helminger, deen um Dënschdeg zu News352 gesot huet, hie géif 'Logementer ouni Autoen' um Lampertsbierg

an der Avenue Pasteur virgesinn.

'2011 lancéiere mir ee Concours fir de Projet' huet hien annoncéiert. Hie präziséiert, datt et schon an der Stad Quartiere gëtt, wou d'Awunner keng Plaz fir hiren Auto hunn.

D'Zil bei esou engem Projet wier natierlech den ëffentlechen Transport ze fuerderen. A wann d'Awunner onbedéngt en Auto brauchen, dann 'kënne si eng Garage méi wäit ewech bezuelen'.

 

De Projet Baulücken 2010: 51 Logementer fir 2011

Eng 50 Logementer wäerten zu an der Stad gebaut ginn: 34 um Kierchbierg an zu Weimerskirch (27 rue des Forains, 7 rue Schetzel) a 17 aner zu Zéisseng an am Rollengergronn.

Um Dënschdeg huet d'Stad och d'Visioun vun dësen zukünftege Wunnéngen, déi d'Ëmweltfrendlechkeet betoune sollen, mat Sonnenkollektore fir d'Heizung ze dreiwen. 'Am Joer 2011 wäerten d'Wunnengen do sinn' huet de Buergermeeschter estiméiert.

Déi Persounen, déi un eng Wunneng vum neie Projet interesséiert sinn, musse sech awer nach gedëllegen. De Projet muss fir d'éischt nach affinéiert ginn.

Biller: AM Steinmetz DeMeyer architectes urbanistes sarl & Société Internationale d'Architecture sa - Thomas & Piron sa

 

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top