> Drogendealer mat Kokain-Kugelen am Mond festgeholl
Tuesday, 12 January 2010 00:00

Drogendealer mat Kokain-Kugelen am Mond festgeholl

Op engem Parking an der Stad sinn d'Agenten vun der SREC Lëtzebuerg – Groupe Recherche zwee Drogenkonsumenten opgefall. Si hunn Kokain konsomméiert an et huet sech erausgestallt, datt si sech d'Drogen bei engem Dealer an der Rue de Strasbourg kaaf hat.

Wou d'Beamten dohinner gaange sinn, ass hinn direkt eng verdächteg Persoun opgefall. Den Dealer huet versicht, 6 Kokain-Kugelen vun 6,1 Gramm a sengem Mond ze verstoppen.

De Parquet huet d'Verhaftug vum Mann ugefuerdert an hie gouf dem Ënnersichungsriichter

virgeféiert. Een Ënnersichungshaft ass geuerdnet ginn. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top