> Gratis Kondomer fir Welt Aids Dag
Tuesday, 12 January 2010 00:00

Gratis Kondomer fir Welt Aids Dag

D'Rout Kräiz an d'Organisatioun 'Stop Aids Now' verdeelen gratis Kondomer op der Lëtzebuerger Gare am Kader vun hirer Campagne déi d'Verbreedung vun HIV/AIDS bekämpft.

Zu Lëtzebuerg gëtt an der Moyenne eng Persoun pro Woch mat der Krankheet diagnostizéiert. Dëst Joer sinn et der schon 58 nei Fäll ginn. D'Zuel vun den Infizéierte läit bei 1000 Persounen.

Den Henri Goedertz, Direkter vum Departement social vun der Organisatioun

Rout Kräiz, huet zu News352 gesot: 'De Probleem ass, datt Leit vergiessen sech géint AIDS an HIV ze schützen. Et ass wichteg ze verhaalen, datt et sech ëm eng déidlech Krankheet handelt'. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top