> Zoufftgen-Prozess: Berufungsprozess ofgeschloss
Friday, 12 February 2010 00:00

Zoufftgen-Prozess: Berufungsprozess ofgeschloss

Véier Joer sinn et hir, wou am trageschen Zuchongléck zu Zoufftgen am Oktober 2006 sechs Mënschen ëm d'Liewe komm sinn. 16 Persounen goufe schwéier verletzt.

Um Mëttwoch gouf de Berufungsprozess ofgeschloss. Den Uerteel fällt um 19. Januar 2011.

Am September 2009 war de Berufungsprozess lancéiert ginn, mä gouf ëm ee Joer verzögert wéinst der Prüfung vun engem Antrag

vun der Verteidegung.

An der virleschter Etapp um Mëttwoch goufen déi zivilrechtlech Aspekter vum Prozess behandelt. Um Méindeg hat de Parquet d'Geriicht dozou opgefuerdert, den Uerteel aus éischter Instanz ze bestätegen. Véier vun de CFL-Employéeën waren an éischter Instanz veruerteelt ginn.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top