> Dëse Weekend: Internationale Bazar!
Friday, 12 March 2010 00:00

Dëse Weekend: Internationale Bazar!

Ronn 25.000 Visiteure ginn dëse Weekend um Bazar erwaart, deen vum 4. bis 5. Dezember an der LuxExpo um Kierchbierg stattfënnt.

D'Visiteure kënnen verschidde Platen a Spezialitéite aus der ganzer Welt probéieren, originell Chrëschtdagscadeauen fannen an iwwer déi verschidde Länner léieren.

De Bazar ass ee vun deene gréissten Evenementer zu Lëtzebuerg, dee fir e gudden Zweck

organiséiert gëtt. D'Suen déi dëst Joer gesammelt ginn wäerten un 114 Organisatiounen an iwwer 60 Länner goen. Eng 500.000 Euro goufe lescht Joer gesammelt.

Dëst Joer wäert och eng grouss Crèche um éischte Stack sinn, wou Volontären op d'Kanner oppassen währenddeems d'Elteren sech am Bazar amuséieren

Photo: International Bazaar

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top