> Elfenbeinküste: Arméi mécht all Grenzen zou
Friday, 12 March 2010 00:00

Elfenbeinküste: Arméi mécht all Grenzen zou

An der Elfenbeinküste gëllt Konfusioun nom Presidentewahl vum Sonndeg. E Gericht huet d'Deklaratioun vum Wahlcomité zeréckgewisen, datt den Oppositiounskandidat Alassane Ouattar gewonnen huet. Um Freideg ass d'Resultat vun de Walen nach onsécher.

En Arméisspriecher huet d'Clôture vun de Grenzen an de nationale Medien um Donneschdegowend annoncéiert. 'D'Grenzen vum Loftberäich, vum Land a vum Mier sinn fir all Mouvement vu Leit a Fracht zougemaach ginn', sou de Col. Major Babri Gohourou.

D'Aktioun soll d'Tensiounen am west-afrikanesche Land berouegen, nodeems d'Autoritéiten onsécher waren, wien d'Presidentewahl gewonnen huet. Den nationalen onofhängege Wahlcomité huet de fréiere Premier Alassane Ouattara als Gewënner géint President Laurent Gbagbo deklaréiert.

Mä de konstitutionelle Conseil vun der Elfenbeinküste huet gesot, datt d'Wahlen ongülteg sinn, well si no der Date Limite um Mëttwoch annoncéiert goufen.

D'Regierung huet all auslännesch Medien an der Elfenbeinküste blockéiert. 'Fir de Fridden ze behalen huet de staatleche Medien-Conseil de franséische Sender Canal Plus Horizon kommandéiert, ouni Verzögerung, all auslännesch Radio an TV Senderen ze suspendéieren', sou ee Spriecher vum staatleche Medien-Conseil.

Et sinn op mannst 8 Persounen an der Gewalt, déi no de Walen ausgebrach ass, ëm d'Liewe komm. Een Arméisspriecher huet gesot, datt Zaldoten attackéiert goufen. Verschidden Zeien soen datt si vun de staatleche Sécherheetskräfter attackéiert goufen. Aner beriichten e Schosswiessel tëscht Sécherheetskräfter vum Ouattara senger Säit an anere Sécherheetskräfter.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top