> Angel At My Table op Erfollegswee
Saturday, 12 June 2010 00:00

Angel At My Table op Erfollegswee

'SANTANDER' huet Frontsängerin Joëlle gejaut, wou d'Band mat hirer energescher Show de Publikum an der EuroDemo Finale, déi vu MySpace organiséiert gouf, d'Stëmmung bruecht huet. Vun 2000 europäeschen Acts huet d'Jury eng Auswahl aus Lëtzebuerg mat Angel At My Table, Frankräich, Holland, Groussbritannien, a Spuenien gemaach. Am Kampf ëm e Präiss vun 20.000 Euro hunn Angel At My Table d'Bühn nom Annie Goliath aus Groussbritannien gestiermt.

D'Rees op d'Finale war

extrem ustrengend, well op engem gewëssenen Zäitpunkt net kloer war, op Angel At My Table iwwerhaapt optriede kéint. De Joe Flies, Drummer vun der Band, huet um Flughafen zu Bréissel mat Schrecken festgestallt, datt hie säi Pass vergiess hat. Zu der Erleechterung vun der Band konnt hien awer mat engem anere Fluch iwwer Madrid eng hallef Stonn virum Concert ukommen.

D'Moderatorin huet d'Show vun der Lëtzebuerger Band als 'fantastesch a sprëtzeg' beschriwwen. De Concert war ee vun de beschte Live Shows vun der Band. 'Et huet eis riesege Spaass gemaach', huet Guitarist Robin gesot. 'Et war ee perfekten Owend!' huet de Joe douzougefügt. 'Mir sollten eigentlech als 3. Band spillen. Mä aus organisatoresche Grënn ass eise Line-up kuerz virum Ufank vun der Show geännert ginn, war eis awer net wierklech gestéiert huet', erklärt Guitarist Tom.

Aner Gruppen waren Donata aus Holland, Universo Acelerado aus Spuenien, an d'Gewënner aus Frankräich The Randy Mandys.

Obwuel d'Band de Concours net gewonnen huet, hunn si de lokale Publikum staark iwwerzeegt.

Foto: Daniel Clarens

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top