> 'Wetten, dass...?' gëtt fortgesat (mat Video)
Saturday, 12 June 2010 00:00

'Wetten, dass...?' gëtt fortgesat (mat Video)

'Wetten, dass...?' wäert sécherlech weidergoen', huet ZDF-Programmdirekter Thomas Bellut zum Radiosender NDR Niedersachsen gesot. Allerdéngs gëtt vun elo un méi fir de Schutz vun de Kandidate gemaach. 'Mir wäerten nach eng Kéier de Sécherheetsstandard erhéijen, obwuel mir ëmmer der Meenung waren, e kéint kaum nach méi erhéicht ginn'. Hie géif elo all eenzel Phase vun der Show préiwen.

'Mir musse kucken, wéi mir d'Regelen bei de Wettkandidate veränneren, fir datt sech esou

eppes net méi widderhëlt', sot de Bellutt.

Den 23-järege Schauspillschüler Samuel Koch war beim Versich, mat der Hëllef vu Sprongfiederen iwwert en Auto ze sprangen, gestierzt a gouf dobäi schwéier verletzt. Et ass eng Verletzung um Halswirbel festgestallt ginn. De Réckemark ass och betraff.

No enger Noutoperatioun ass de Koch an e kënschtleche Koma versat ginn. Wéi eng Spriecherin vun der Uniklinik zu Düsseldorf matgedeelt huet, gouf et iwwer dem Sonndeg keng Verännerung um 'kriteschen' Zoustand vum jonke Mann.

De Bellut huet d'Virwërf vum Sender NDR zeréckgewisen, datt d'RTL Show esou eng riskant Wett zougelooss huet fir d'Quoten an d'Luucht ze bréngen. Nom Ongléck war 'Wetten, dass...?' fir di éischt Kéier an der 29-järeger Geschicht vun der Show virzäiteg ofgebrach ginn.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top