> Renconter tëscht WikiLeaks-Grënner a britescher Police geplangt
Monday, 12 July 2010 00:00

Renconter tëscht WikiLeaks-Grënner a britescher Police geplangt

Dem Assange säi Londoner Affekot Mark Stephens huet zu BBC gesot, et wiere 'Virbereedungen fir eng Renconter mat der Police am gaangen'. Hien huet gesot, di britesch Police hätt him ugeruff fir him ze soen, datt si eng Extraditiounsufro aus Schweden kritt haten. Wéini d'Renconter stattfënnt ass nach onkloer.

De Stephens huet zu AFP gesot, d'Renconter géif a Groussbritannien stattfannen, mä wollt net op d'Fro äntweren, ob den Assange schon am Land wier.

Den Assange steet a Schweden

ënner Vergewaltegungsverdacht. Hien huet d'Accusatiounen staark ofgestridden a seet, datt am Plaz politesch Motivatiounen hannendru stinn. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top