> Internationale Strofgeriicht befaasst sech mat Nordkorea
Monday, 12 July 2010 00:00

Internationale Strofgeriicht befaasst sech mat Nordkorea

Fir d'éischt soll d'Fro vun der Zoustännegkeet gekläert ginn. D'Iwwerpréifung géif sech op zwee Virfäll an der ëmstriddener Séigrenz tëscht Nord- a Südkorea bezéien: Den Torpedo-Ugrëff op e südkoreanesche Krichsschëff um 26. Mäerz souwéi den Artillerie-Ugrëff op déi südkoreanesch Insel Yeonpyeong um 23. November.

Säi Bureau hätt Hiweiser kritt, datt déi nordkoreanesch

Arméi op dem südkoreaneschem Territoire e Krichsverbrieche begaangen huet, sou den Ocampo. Et misst een elo klären, ob et sech bei de Virfäll vum Mäerz a vum November ëm ee Krichsverbriechen am Kader vun der Zoustännegkeet vum internationale Geriicht handelt.

Den Ocampo huet betount, datt d'Iwwerpréifung net op Wonsch vu Südkorea gemaach gëtt. Dobäi ass et keng formell Enquête, mä just eng Klärung zu der Zoustännegkeet.

Der südkoreanescher Regierung an enger internationaler Ënnersichung no, huet d'Arméi vu Nordkorea de südkoreanesche Krichsschëff 'Cheonan' am Mäerz mat Torpedoen ugegraff. D'Schëff ass ënnergaangen an et sinn 46 südkoreanesch Marinezaldoten ëm d'Liewe komm. Nordkorea huet d'Accusatioun staark ofgestridden. Beim Artillerie-Beschoss um 23. November sinn op der südkoreanescher Säit zwee Zaldoten an zwee Zivilisten ëm d'Liewe komm.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top