> London: WikiLeaks-Grënner Julian Assange festgeholl
Monday, 12 July 2010 00:00

London: WikiLeaks-Grënner Julian Assange festgeholl

Scotland Yard huet um Dënschdeg matgedeelt, datt hie sech der Police zu London gestallt huet. Den 39-järegen Australier wier 'engem europäeschen Haftbefehl no um 10.30 Auer verhaft ginn' a misst am Laf vum Dag viru Geriicht erschéngen.

Déi britesch Behörden haten um Méindeg en neien Haftbefehl aus Schweden erhalen, wou Assange wéinst Vergewaltegungsvirwërf vum Parquet gesicht gëtt. Och déi international Police-Organisatioun

Interpol huet de Grënner vun der Internet-Enthüllungsplattform op hir Lescht gesat. En éischten Haftbefehl aus Schweden konnten déi britesch Behörden wéinst Onvollstännegkeet net vollstrecken.

Den Assange streit d'Virwërf of.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top