> China: 26 Doudeger bei Minnen-Explosioun
Thursday, 12 August 2010 00:00

China: 26 Doudeger bei Minnen-Explosioun

Insgesamt ware 46 Aarbechter an der Minn an Henan Provënz, wou d'Gas-Explosioun zu op mannst 26 Doudesfäll geféiert huet.

A China ass de Sektor vun de Kueleminne als immens geféierlech bekannt, well vill Sécherheetsmoossnamen ni ausgeféiert ginn fir Suen ze spueren. D'Minne leide regelméisseg un déidlechen Iwwerflutungen, Explosiounen a Kollapsen. Alleng am leschte Joer sinn 2.631 chinesesch Minnenaarbechter ëm d'Liewe komm, sou déi

offiziell Zuelen. Onofhängeg Uniounen mengen, d'Zuel wier vill méi héich well vill Accidenter verstoppt ginn.

An engem separaten Accident an der Liaoning Provënz, deen och um Dënschdeg geschitt ass, hu véier Minnenaarbechter d'Liewe verluer wou en Tunnel an enger Kueleminn zesummegefall ass.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top