> Sharm el-Sheikh: Experten analyséieren déidlech Hai-Attacken
Thursday, 12 August 2010 00:00

Sharm el-Sheikh: Experten analyséieren déidlech Hai-Attacken

Lescht Woch hunn eng Rei Hai-Attacken d'Touristen vun der beléiften Touristendestinatioun Sharm el-Sheikh an Ägypten terroriséiert. An der leschter Attack um Sonndeg ass eng 70-järeg Fra aus Däitschland ëm d'Liewe komm. Den Angaben no huet en Hai si an der Naama Bucht 'ausaneegerappt'.

E fréiere Virfall huet tëscht dem 30. November an dem 1. Dezember stattfonnt. Zwee russesch Fraen an ee Mann aus der Ukraine, déi am Mir am gaangen ze schnorchelen waren, ware vun engem Hai ugegraff ginn.

Eng Equipe vun Experten gouf erageruff, dorënner och de Georges Burgess, Leader vun der Organisatioun 'International Shark Attack File'. 'Esou Virfäll kommen immens selten fir a si mat engem Ereegnis associéiert, deen d'Haien op dës Plaz gedriwwen huet', betount de Burgess, 'Do ass iergendeppes gewiescht, wat d'Gläichgewiicht verännert huet'.

Eng illegal Ernährung kéint de Grond fir d'Attacke sinn. 'Mir mengen, datt eng Persoun d'Haien regelméisseg mat Fleesch gefiddert huet. A wou déi Persoun domadder opgehalen huet, hunn d'Haien no aneren Ernährungsquelle gesicht', sot de Mohammed Salem, Direkter vun der 'South Sinai Conservation' zu AFP.

De Salem huet gesot, datt d'Attacken op enger Küste-Streck vun 8 Kilometer geschitt sinn, dorënner déi beléiften Naama Bucht. Et kéint sinn, datt d'Haien gewinnt waren, an der Mëttesstonn gefiddert ze ginn, d'Zäit vun den Attacken.

No de Virfäll vum 30. November an 1. Dezember hate staatlech Konservatiounsexperten zwee Haien gefaangen. Dorënner ass e Mako, dee fir op mannst engem vun den Attacken responsabel ass, sou d'Resultat vun enger Analyse vum Gebëss a vun de Bësswonnen.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top