> Happy Birthday!
Sunday, 12 September 2010 00:00

Happy Birthday!

Den CSV-Politiker a President vun der Euro-Grupp gouf zu Reding gebuer a wunnt haut zu Kapellen. Hien huet Droit studéiert, mä de Beruff huet hien ni ausgeübt well him eng Carrière als Politiker méi gesot huet. Säit 1995 ass hien onënnerbrach Lëtzebuerger Premier a säit 2004 President vun der Euro-Grupp.

Fir dem Juncker säi 56. Gebuertsdag hunn zwee Auteuren zesummegeschafft, fir e Buch iwwer de Premier ze publizéieren, an deem

gewise gëtt, wat d'Medie wierklech vun him halen. Den éisträichesche Journalist a Publizist Albin Wallinger an de lëtzebuergeschen Ingenieur Serge Spellini hunn 189 Chef-Redakteren, Publizisten, an Haaptfiguren vun de Medien interviewt. Trotz den negative Meenungen zum Juncker déi zu Lëtzebuerg heiansdo geäussert ginn, hunn d'Medieleader nëmme gutt Saachen iwwert hien ze soen, zum Beispill:

'Hien ass e staarken europäesche Personnage, virun deem souguer den Nicolas Sarkozy Angscht huet' (Ulrich Wickert)

'Hien ass a groussaartegen Europäer, obwuel – oder souguer well – hie vun engem fäinen awer klenge Grand Duché kënnt (Peter Kloeppel, RTL)

D'Buch vum Albin Wallinger a vum Serge Spellini gëtt Enn 2011 publizéiert.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top