> 6-järegt Meedchen kritt éischte chinesesche Friddenspräis
Sunday, 12 September 2010 00:00

6-järegt Meedchen kritt éischte chinesesche Friddenspräis

Während der Zeremonie vum Konfuzius Friddenspräis huet d'Zeng eng Trophäe, en Zertifikat, an eng Zomm vun 15.000 $ virun enger Mass vun Televisiounskameraen akzeptéiert.

De richtege Gewënner soll de fréieren taiwanesche Vizepresident Lien Chan gewiescht sinn, mä hien ass net op d'Zeremonie komm. 'Mir wëssen, wien de Konfuzius ass, mä mir wëssen näischt iwwer dëse Präis', huet den Ting Yuan-Chao, Direkter vum Lien sengem Bureau zu Taipei, zu CNN gesot.

Dat 6-järegt Zeng gouf a senger Plaz gewielt, fir de Präis z'akzeptéieren, well 'Kanner de Fridden an d'Zukunft representéieren'.

De Konfuzius Friddenpräis ass vun den internationale Medien als Rival zum Friddensnobelpräis, deen um Freideg zu Oslo erausgereecht gëtt, interpretéiert ginn. D'Organisateure vum Evenement betounen, datt de Comité onofhängeg vun der chinesescher Regierung ass. 'Mir wëllen de Weltfridden vun enger chinesescher Perspektiv fuerderen', sou de Grupp.

China huet mat Roserei op d'Annonce reagéiert, datt de chinesesche Dissident Liu Xiaobo, deen den Ament a China emprisonnéiert ass, de Nobelpräis gewanne soll. De Schrëftsteller gëtt als Kriminalfall bezeechent an de Präis soll eng amerikanesch an europäesch Verschwörung géint China sinn. Déi chinesesch Regierung huet all Weltleaderen dozou opgefuerdert, d'Zeremonie zu Oslo ze boycottéieren.

Den Ënnerscheed tëscht deenen zwee Präisser ass grouss, mä si hunn eng Saach a gemeinsam: Allen zwee Empfängeren wäerten dëst Joer net do sinn.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top