> Nom Schnéi kënnt Héichwaasser (+Video)
Tuesday, 12 October 2010 00:00

Nom Schnéi kënnt Héichwaasser (+Video)

D'Stroossen um Mousel-Ufer si richteg iwwerschwemmt. Zu Réimech a Schengen wiisst de Pegel ëm 3 cm pro Stonn a verursaacht Problemer fir d'Awunner a fir d'Geschäfter.

Verschidden Awunner hu missen mat engem Boot vun hire Wunnengen transportéiert ginn. Geschäfter a Restauranten stinn deelweis ënner Waasser a hu missen hir Dieren zoumaachen.

Den Nicolas Siebenbour vun der Gemeng Schengen sot am

Gespréich mat News352.lu: 'Wann de Schnéi schmëlzt, dann geet de Pegel erop an d'Waasser kéint scho bal de Flusstal erreechen. Hei si mir et awer gewinnt. D'Leit rechnen all Joer mat Iwwerschwemmungen a bréngen hir Miwwelen a Sécherheet'. D'Streck tëscht Schengen a Sierck-les-Bains ass scho fir de Verkéier gespaart.

De Mouselpegel soll nach weider eropgoen. An der Nuecht kéinte plazeweis 7 Meter erreecht ginn.
D'Cote de Préalerte läit bei 7,10 Meter.



Fotoen: © Faith Malmer

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top