Authors: news352
>
D'Kläpperei ass ausgebrach, nodeems d'Fini-Parlamentarierin Katia Polidori am Géigesaz zu de Richtlinnen vu senger Partei fir d'Regierung gestëmmt huet. D'Parlamentarier vun der Regierungskoalitioun hunn de Fini während dem Virfall beschimpft.
Kuerz virdrun hat de Berlusconi de Vertrauensvote am Senat gewonnen. 162 Senateuren hunn hiert Vertrauen gewisen, 135 hunn dogéint gestëmmt.