Stonnelaang hu sech d'Leit no der Aarbecht um Mëttwochowend an um Donneschdegmueren an hiren Autoen gedëllege mussen. E richtegen Alpdram fir jiddwereen.
Um Donneschdegmueren war esouguer d'Grenz tëscht Frankräich a Lëtzebuerg zougemaach ginn, well opgrond vun hänkebliwwene Camionen kee méi duerchkomm ass. D'Regierung huet mat engem Fuerverbuet fir Camione reagéiert, déi am Fong nach ëmmer mat de Summerpneue fueren däerfen.
Den Entwécklungsministere hat um Dënschdeg iwwer déi nei Schnéifront eng Krisesëtzung. Fir den ugekënnegte Schnéifall ab en Donneschdeg wëll Lëtzebuerg besser virbereet sinn. D'Regierung soll fréizäiteg Informatiounen erausginn a fir eng besser Koordinatioun vun de Stréidengschter suergen.
Foto: © Faith Malmer
Envoyer cet article par emailAuthors: news352