> Stockholmer Attentäter hat Verbindungen zum radikalislamesche Priedeger Abu Hamza
Thursday, 01 January 1970 02:00

Stockholmer Attentäter hat Verbindungen zum radikalislamesche Priedeger Abu Hamza

De Mann, dee fir den éischte Selbstmordattentat vu Schweden responsabel war, hat wahrscheinlech direkt Bezéiungen zum radikalislamesche Priedeger Abu Hamza, sou déi schwedesch Medien um Donneschdeg.

Den Angaben no sinn aner Stëmmen um Audiomessage, dee vum Täter kuerz virum Attentat per Email erausgeschéckt gouf, ze héieren. D'Autoritéiten hunn nach net konfirméiert, ob den Attentäter vun anere Persoune gehollef ginn ass.

Di schwedesch Zeitung Svenska Dagbladet huet

bericht, datt di britesch Police eng Verbindung tëscht dem Attentäter Taimour Abdulwahab an dem bekannte Radikalist Abu Hamza ermëttelen.

Den Hamza, deen an Ägypten op d'Welt komm ass, war fréier den Imam vun der Finsbury Park Moschee zu London gewiescht. Hien huet seng Unhänger zu Terrorattentater opgefuerdert an ass dowéinst zu 7 Joer Prisong veruerteelt ginn.

Den Abdulwahab huet eng Mëschung vu verschiddenen Explosive gedroen, mä et ass just eng kleng Charge explodéiert. Hie war deen Eenzegen, deen ëm d'Liewe komm ass. De schwedesche Medien no, hätt hien honnerte vun Akeefer an enger Haaptakafsstrooss ëmbruecht oder blesséiert, wann hien d'Attack wéi geplangt ausgeféiert hätt.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top