> Juncker fuerdert automatesch Sanktiounen fir Defizitsënner
Friday, 09 July 2010 00:00

Juncker fuerdert automatesch Sanktiounen fir Defizitsënner

Den Eurogruppe-Chef Jean-Claude Juncker wëll, dass d'EU-Finanzminister automatesch Sanktioune fir Haushalt-Sënner ariichten. “Mir musse sécherstellen, dass sou Sanktioune méi automatesch ginn”, sou de Juncker e Méinde virum Treffe vun den EU-Finanzminister zur Reform vum Euro-Stabilitéitspakt zu Bréissel.

D'Minister fänken hir zwee Deeg laang Berodungen, mat engem Treffen an de Reform-Aarbechtsgruppen, ënnert der Leedung vum EU-Rotspresident Herman Van Rompuy un, déi d'Weeër aus der Euro-Scholdekris

weise soll. D'EU-Staaten wëllen de Stabilitéitspakt verschäerfen an d'Wirtschaftspolitik méi staark iwwerwaachen, fir dass sech eng Kris, wéi déi am verschëllten Griicheland net widderhëlt.

Nodeems d'EU zur Stabiliséierung vum Euro am Mee ënner héijem Zäitdrock zesumme mam internationale Währungsfonds en 750 Milliarden Euro grousse Schutzschierm op d'Been gestallt hat,  steet och e laangwierege Krisenofwiermechanisem zur Diskussioun. Ma de Jean-Claude Juncker wëll, anescht wéi de Bundesfinanzminister Wolfgang Schäuble, dëst Thema net direkt opgräifen. Iwwert dëse Mechanisem kéint een an de kommende Woche schwätzen oder, wat nach méi gescheit wier, dës Fro nach méi spéit traitéieren, sou de Juncker. De Mechanisem erfuerdert wahrscheinlech eng Ännerung vum EU-Vertrag, dozou wieren d'EU-Staaten net bereet.  Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top