> Demo géint Familljepolitik – Generalstreik net ausgeschloss
Friday, 09 July 2010 00:00

Demo géint Familljepolitik – Generalstreik net ausgeschloss

Bei der Demonstratioun geet et ënner anerem ëm d'Sträiche vum Kannergeld no der Volljäeregkeet, sou wéi d'Ännerunge bei der Finanzhëllef fir Studenten. Elteren, déi zu Lëtzebuerg liewen, kréie fir hir Kanner am Studienalter an Zukunft 6.000 Euro plus Prêt am Joer. D'Frontaliere sollen dobäi awer eidel ausgoen.

Zu der Protestaktioun op der Place de Clairefontaine, en Donneschden 16. September, erwaarden d'Gewerkschafte wäit méi wéi Dausend Démonstrateuren. Dëst hunn

d'Gewerkschaften en Dënschden um Niveau vun enger gemeinsamer Pressekonferenz bekannt ginn. Den LCGB-Generalsekretär Patrick Dury schwätzt op der Versammlung vun engem graffe Verloscht fir Frontaliersfamillen a betount: “Dat ass kee Glécksmoment fir de Lëtzebuerger Sozialmodell”.

“Mir dierfe keng Zweeklassegesellschaft am Land kréien. Dëse Prinzip: gläich Beiträg, gläich Leeschtunge muss och weiderhi bestoe bleiwen. Sozialneid entsteet an dorënner leid um Enn d'Produktivitéit”, sou de Nico Clement vum OGBL.

Sollten d'Aktioun keng Wierkung weisen, wäert sech souguer d'Bankegewerkschaft Aleba bereet erklären, zu engem Generalstreik opzeruffen. Éischt Kloen op eng Diskriminéierung sinn dann och mëttlerweil bei der Europäesch Kommissioun agaang. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top