> Witzeg a kreativ Tipp-Ex-Werbung op YouTube (Video)
Thursday, 09 September 2010 00:00

Witzeg a kreativ Tipp-Ex-Werbung op YouTube (Video)

Am YouTube-Video, mam Titel “A hunter shoots a bear”, deen extra fir eng witzeg fir d'Werbecampagne “TippExperience” entwéckelt ginn ass, treffen e Bier an e Jeeër am Bësch zoufälleg openeen. No engem kuerze Viséiere mat sengem Gewier, décidéiert de Jeeër awer de Bier net ze erschéissen a gräift aus dem Bild eraus nom Tipp-Ex-Roller, fir sou d'Wuert “shoot” ganz einfach ze läschen.

An elo ass de Visiteur gefrot: De

Jeeër riicht sech nämlech duerno direkt un den YouTube-Visiteur a freet wat als nächst soll geschéien, respektiv wat amplaz vum Wuert “shoot” soll stoen. An dann hänkt et amfong just nach of, wat an déi eidel Zeil geschriwwe gëtt, fir dass d'Geschicht sech anescht entwéckelt. Hei eng kleng Ureegung: singing with, kissing with, playing with, shopping with, farting with, have sex with, ...ma am beschten et fënnt een alles selwer eraus.

Dës witzeg Matmaach-Werbung gelt bis ewell als déi beschte Werbekampagn, déi bis elo op YouTube gewise ginn ass. Iwwer 6 Millioune Leit hu sech dëse witzege Clip dann och schonn ugekuckt an uerdentlech matgetippt. Fir eng éischte Kéier gëtt eng Videoplattform richteg interaktiv, an engems ass dëst, besonnesch an eiser Computer- an Handy-Tipp-Generatioun, erëm e kleng Wénk erëm  selwer ze tippen, respektiv schreiwen.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top