> Schwéierblesséiert no onerlaabtem Iwwerhuelmanöver
Thursday, 09 September 2010 00:00

Schwéierblesséiert no onerlaabtem Iwwerhuelmanöver

Wéi d'Police matgedeelt huet, ass et géint 6.00 Auer an der Route d'Echternch tëscht Gonnereng a Jonglënster zu engem heftegen Accident komm. Trotz Iwwerhuelverbuet huet en Automobilist ugesat, fir e Camion ze iwwerhuelen. Eng Fra, déi mat hirem Gefier just an deem Moment entgéintgefuer ass, konnt net méi ausweechen, an et ass op riichter Streck zur Frontalkollisioun komm.

Béid Fuerer sinn an hire Gefierer ageklemmt ginn an hu vun de Rettungséquipë missen aus den Autowracks gefreit ginn. De schëllege Chauffer

am éischte Gefier huet nom Accident ganz uerg Verletzungen erlidden a schwieft a Liewensgefor. D'Fra am zweeten Auto ass iwwerdeems och schwéier blesséiert an d'Spidol u Kierchbierg ageliwwert ginn, de Camionschauffer ass onverletzt bliwwen.

De Materialschued bei béide Gefierer ass immens héich an och d'Streck tëscht Gonnereng a Jonglënster huet wéinst den Opraumaarbechte misse bis 7.45 Auer gespaart ginn. Op der Plaz ware nieft de  Pompjeeë vu Jonglënster mat zwee Asazween, och zwou Ambulanze vun de Beruffspompjeeën, sou wéi de Centre d'Intervention vu Gréiwemaacher an Iechternach. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top