> Lëtzebuerger Fondsverband zitt et op Hongkong
Saturday, 09 October 2010 00:00

Lëtzebuerger Fondsverband zitt et op Hongkong

D'Association of the Luxemboug fund industry (Alfi) wëll mam neie Sëtz zu Hongkong, besonnesch de Fernost-Distributioun vu Fonds, déi no den europäeschen Ucits-Regularien konzipéiert sinn, virubréngen. Lëtzebuerg ass dann och weltwäit un der Spëtzt an der grenziwwerschreidender Fonds-Distributioun, déi fir den asiatesche Raum zougelooss sinn.

“Mam Büro zu Hongkong droe mir der wuessender Bedeitung vum Markenzeechen Ucits Rechnung. Eis Präsenz direkt op der Plaz wäert dozou bäidroen,

d'Bezéiungen zu den Asset Manager, Reguléierungsämter, Fondsverbänn an Investisseuren an der Regioun nohalteg ze stäerken”, erkläert den Alfi-Pesident Claude Kremer. “Mir freeën eis, d'Ching Yng Choi als Leederin vum neien Alfi-Büro fir eis gewonnen ze hunn. Hir Erfahrung a Kompetenz wäerten dann och dozou bäidroen, eis Positioun zu Hongkong weider auszebauen”, sou de Kremer weider.

D'Ching Yng Choi war zu Lëtzebuerg als Risikomanagerin bei MDO Services beschäftegt. Zu hire neien Aufgaben zielen ënner aneren d'Vertriedung vum Verband an der Regioun Hongkong, d'Erhéijung vum Bekanntheetsgrad vum Fondshaaptsëtz zu Lëtzebuerg, sou wéi d'Verbreedung vum Markenzeechen Units. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top