> Bayern-All-Stars zu Gréiwemaacher (Gewannt ären Ticket)
Saturday, 09 October 2010 00:00

Bayern-All-Stars zu Gréiwemaacher (Gewannt ären Ticket)

Et si Nimm, wéi Stefan Reuter, Paulo Sergio, Giovane Elber, Michael Tarnat, Willi Sagnol, a nach vill anerer, déi d'Häerzer vun all FC-Bayern-Fan méi héich klappe loossen. A genee dës Fussball-Stars fannen de Wee elo op Lëtzebuerg, an de Stade “Op Flohr” zu Gréiwemaacher. Dëst och nach fir e gudden Zweck, de Match ass nämlech zugonschte vun der “Fondatioun Kriibskrank Kanner” a “Recherches Scientifiques Luxembourg a.s.b.l.”.

Wann en Donneschden, 16. September,

d'Bayern-München-Allstars, déi ëmmerhi schonn dausende Bundesligaspiller an e puer honnert Lännerspillasätz um Bockel hunn, géint deemoleg lëtzebuerger Nationalspiller untrieden, dierfe bis zu 4.000 Visiteuren a Fans live mat dobäi sinn. Eng Zuel, déi an eisem Ländche soss beschtefalls, an engem Match vun der Nationaléquipe géint déi Grouss vun Europa, erreecht gëtt.

Nieft dem mat Spannung erwaarte Match, gëtt awer och e fuschneien Audi A1 verloust. Den Erléis aus dem Verkaf vun den Entréesbilljeeën an der grousser Verlousung fléisst dann och an d'Spendenzomm mat an. “Mir rechne mat enger Zuel tëscht 3.000 a 4.000 Spectateuren. Ustouss ass um 18.00 Auer am Stade”Op Flohr zu Gréiwemaacher”, sou de Jerry Hilger, Grënnungsmember vum Veräin “Footballspiller mat engem Häerz fir kriibskrank Kanner a.s.b.l.” an Initiator vum Benefizspill.

D'Louse fir bei der grousser Audi-Verlousung matzemaache ginn et beim Haaptsponsor, der Garage Demuth zu Jonglënster an op den Esso-Tankstellen Gréiwemaacher a Potaschbierg, fir e Präis vu grad emol 5 Euro. Tickete ginn et, nieft der Grage Demuth, och nach beim Voyage Emil Weber, fir e Präis vun 20 Euro. Natierlech soll och fläisseg fir d'krank Kanner gespent ginn, dëst op d'Kontosnummer LU08 0029 1978 7229 4900 mam Vermierk “Footballspiller mat engem Haerz fir kriibskrank Kanner a.s.b.l.”.

Ab 16.00 Auer ass de Stade “Op Flohr” schonn op fir de Public, fir eng exklusiv Autogrammstonn mat de prominente Fussballspiller. An der Hallefzäit (et gëtt zwee Mol 35 Minutte gespillt) a nom Match ginn et awer nach zousätzlech wäertvoll a flott Präisser ze gewannen.

Gewannt mat news352.lu ären Entréesbilljee

Schéckt ganz einfach en E-Mail op This e-mail address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it a mat e bësse Gléck kënnt och dir live beim Match mat den FC Bayern All-Stars zu Gréiwemaacher dobäi sinn.

                             

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top