> Fahrerflucht opgekläert: Si hate geklaut
Saturday, 09 October 2010 00:00

Fahrerflucht opgekläert: Si hate geklaut

Den 7. September wollt eng Policepatrull zwou Fraen am Auto kontrolléieren. D'Fuererin hat awer d'Flucht ergraff an dobäi e Beamte mat hirem Gefier ze pake kritt. Nodeems et a falscher Richtung iwwert d'Rue de la Fonderie gaang war, war et zu engem Accident mat engem Liniebus komm. No kuerzer Flucht ze Fouss konnt d'Police déi verdächteg Fraen opgräifen a verhaften.

Beim Zesummestouss mam Bus, war de Buschauffer liicht blesséiert ginn, an och zwee Passagéier, dorënner eng schwanger Fra hu virsiichtshalber an d'Spidol komm. Den

ugestousse Beamte war glécklecherweis och nëmme liicht verwonnt ginn.

No intensiven Ermëttlunge vum lëtzebuerger SREC konnt den zwou Fraen en Abroch an der Rue de Strasbourg an der Stad Lëtzebuerg nogewise ginn. Bei der Ënnersichung vum accidentéierten Auto, konnt d'Police déi geklaute Wuer an enger verstoppter Plaz op de Bäichauffersäit sécherstellen.  Donieft huet sech och erausgestallt, dass d'Gefier mat gefälschte Pabeieren an Däitschland kaf gi war. Envoyer cet article par email

Sur le même sujet :

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top